peoplepill id: florentin-antony
FA
Luxembourg
8 views today
8 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Florentin Antony, gebuer den 28. Januar 1887 zu Rëmeleng a gestuerwen den 11. Februar 1964 zu Kappel am Rhein (Baden-Württemberg) war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.

De Florentin Antony huet zu Freiburg im Breisgau Medezin studéiert. Vum Oktober 1911 un huet hien zu Rëmeleng, a vum Januar 1930 un zu Keel als Generalist praktizéiert.

De Gemengepolitiker

De Florentin Antony war vun 1921 bis uganks Januar 1930 Member vum Rëmelenger Gemengerot; vum Januar bis den August 1925 war hie Buergermeeschter; säin Nofolger war de Jean-Pierre Bausch vun der Aarbechterpartei.

Bei de Chamberwale vun 1928 huet den Antony op der Lëscht vun der Rietspartei kandidéiert, gouf awer nëmmen Ersatzdeputéierten. Well den August Collart vu Beetebuerg als Deputéierten demissionéiert hat, hätt den Antony am November 1933 kënnen an d'Chamber noréckelen, mä hien huet zu Gonschte vum Leo Kinsch vun Esch-Uelzecht op dat Mandat verzicht.

Als President vun der Keeler Sektioun vun der Rietspartei huet de Florentin Antony sech 1933 fir d'Vergréisserung vun der Keeler Porkierch agesat. Hie war Member vum Komitee fir d'Opriichte vun engem Monument fir déi verongléckte Biergleit zu Keel bei der Léiffrächen, dee sech 1938 konstituéiert hat.

De Kollaborateur

Vun 1935 u war den Antony Komiteesmember vun der Gedelit (Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst), e Veräin, deen ënner der Presidentschaft vum Damien Kratzenberg am Laf vun de Joren ëmmer méi nazifrëndlech ginn ass. Datt de Florentin Antony dës Ideologie gedeelt huet, huet hien 1940 nom Iwwerfall vun de Preisen op Lëtzebuerg bewisen: hie gouf Grënnungsmember vun der VdB (Memberskaart Nr. 22).

Den Dr. Antony war ee vun den 32 Signataire vum Opruff “Heim ins Reich!”, deen den 31. August 1940 an der Press publizéiert ginn ass.

Hie gouf 1940 VdB-Ortsgruppenleiter vu Keel; nominell war hien dat bis den 1. September 1944, en huet awer déi Funktioun aus berufflechen Ursaachen nëmme bis den 31. Dezember 1940 ausgeüübt, awer weiderhi seng Influenz spille gelooss. Am September 1941 ass hien an déi grad gegrënnte lëtzebuergesch Sektioun vun der NSDAP agetratt.

D'Strof

Den 1. September 1944 huet den Dr. Antony sech a Richtung Däitschland duerch d'Bascht gemaach. Eng vu sengen Etappe war Neuwied, wou hien eng Plaz als Dokter fonnt huet. Vum August 1945 un huet hien an der Géigend vu Freiburg gelieft.

Enn 1947 oder Ufank 1948 ass hie verhaft ginn a koum spéitstens am Abrëll 1948 op Lëtzebuerg an de Prisong am Gronn. Hie koum viru Geriicht a gouf am Januar 1950 zu 10 Joer Zuchthaus, enger Geldstrof vun 100.000 Frang an dem Verloscht vun der Nationalitéit condamnéiert.

1955 gouf hien am Kader vun der allgemenger Amnestie fir politesch Prisonéier aus dem Prisong entlooss an ass zréck an Däitschland gaangen, op Kappel, wou seng Fra an ee vu senge Filsse gewunnt hunn.

D'Famill

De Florentin Antony hat sech de 16. Abrëll 1912 zu Freiburg mat der Emilie Stephanie Noll (1885-1966), déi aus enger räicher Freibuerger Industriellefamill gestaamt huet, bestuet. D'Koppel hat zwee Kanner, de Florent Antony, den 1. Mäerz 1913 zu Rëmeleng gebuer, dee Schauspiller gouf a näischt mat den Nazien ze dinn hat, an de Peter (genannt “Butz”) (1916-1985), deen Droit studéiert hat, a grad ewéi seng Elteren en iwwerzeegten Nationalsozialist war.

Literatur

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Eigenverlag, Luxemburg, Band 1 (A-G), S. 1-652.
  • Lieb, D., 2013. Vor dem schwarzen Loch : Notizen zu den Erinnerungen der Tänzerin Stenia Zapalowska. Galerie 31 (4): 567-608.
  • Lieb, D., 2014. Ein Leben am Rande der Verzweiflung : der Luxemburger Schauspieler Florent Antony im Spannungsfeld von Kriegslast und Rekonstruktion. Hémecht 66 (1): 53-80.
  • Massard, J.A., 2017. De Florentin Antony (1887-1964), e lëtzebuergeschen Dokter, Buergermeeschter a Kollaborateur. Published online.

Referenzen

De Gemengepolitiker

De Florentin Antony war vun 1921 bis uganks Januar 1930 Member vum Rëmelenger Gemengerot; vum Januar bis den August 1925 war hie Buergermeeschter; säin Nofolger war de Jean-Pierre Bausch vun der Aarbechterpartei.

Bei de Chamberwale vun 1928 huet den Antony op der Lëscht vun der Rietspartei kandidéiert, gouf awer nëmmen Ersatzdeputéierten. Well den August Collart vu Beetebuerg als Deputéierten demissionéiert hat, hätt den Antony am November 1933 kënnen an d'Chamber noréckelen, mä hien huet zu Gonschte vum Leo Kinsch vun Esch-Uelzecht op dat Mandat verzicht.

Als President vun der Keeler Sektioun vun der Rietspartei huet de Florentin Antony sech 1933 fir d'Vergréisserung vun der Keeler Porkierch agesat. Hie war Member vum Komitee fir d'Opriichte vun engem Monument fir déi verongléckte Biergleit zu Keel bei der Léiffrächen, dee sech 1938 konstituéiert hat.

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Menu Florentin Antony

Basics

Introduction

De Gemengepolitiker

De Kollaborateur

D'Strof

D'Famill

Literatur

Referenzen

De Gemengepolitiker

Lists

Also Viewed

Lists
Florentin Antony is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Florentin Antony
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes