Félix Chomé
Quick Facts
Biography
De Félix Chomé, gebuer den 23. Oktober 1888 zu Bréissel, gestuerwen de 6. Januar 1972 an der Stad Lëtzebuerg, war en Industriellen.
De Félix Chomé hat säin Ingenieursdiplom op der Universitéit vu Gent gemaach. Kuerz no der Grënnung vun der ARDED am Joer 1911, koum hien op d'Diddelenger Schmelz schaffen. Vun 1920 un, war hie Generalsekretär vun der Métallurgique des Terres Rouges. An der Zäit vun der Besetzung vun der Ruhr goung hien eng Schmelz zu Oochen leeden, déi der Rothe Erde gehéiert huet.
Do blouf hie bis 1926, fir dann Direkter vun der Escher Schmelz ze ginn. Dat Joer drop koum hien an d'Zentralverwaltung vun der ARBED, wou hien nom Zweete Weltkrich Generaldirekter gouf.
Vun 1952 bis 1961 war hie President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, vun 1953 bis 1959 President vun derChambre de commerce zu Lëtzebuerg.
De Félix Chomé huet e Buch iwwer d'Geschicht vun der ARBED, vun 1911 bis 1964, verëffentlecht.
No him ass d'Fondatioun Félix Chômé genannt, déi seng Fra, d'Alice Chomé-Bastian, zu senger Éier no sengem Doud gegrënnt huet.
Gielercher
- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1958)
- Commandeur vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1951)
Villa Chomé
D'Notzung vu senger Villa zu Eech, no sengem Doud, absënns an den 1980er Joren duerch d'Brigade mobile, gouf am Kader vun den Enquêten ëm d'Affär Bommeleeër Enn 2014 an der Press diskutéiert.
Literatur
- Félix Chomé, 1972. Un demi-siècle d'histoire industrielle. ARBED. (Ouni Indikatioun vum Publikatiounsjoer).
Referenzen
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1958 Memorial A N° 12 vun 1958
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166
- ↑ "De Bunker an der Villa Chomé" rtl.lu, leschten Update: 28.11.2014, 07:22:52.