Eugène Mousset
Quick Facts
Biography
De (Johann Michel) Eugène Mousset, gebuer de 26. September 1877 zu Esch-Uelzecht an och do gestuerwen de 14. Februar 1941, war e lëtzebuergesche Moler.
Säi Liewen
Den Eugène Mousset gouf zu Esch-Uelzecht op der Nummer 30 an der Groussgaass gebuer, wou säi Papp eng Bäckerei hat. Hien huet zu Karlsruhe, Antwerpen, München a Paräis Konscht studéiert.
Vun 1924 un war hien Zeecheprofesser an der Industrieschoul zu Esch-Uelzecht. Hien huet haaptsächlech Portraiten a Wanterlandschafte gemoolt.
- "Vor allem suche ich die wundervollen "sous-bois" auf, die in unserem Ländchen so häufig sind und die man ähnlich kaum anderswo sieht. So der Ellergrund, den Sie früher gewiss besucht haben, als er noch nicht so entblösst war. Dann die Waldpartien an der Syr und der Hallerbach..."
Säin Haus zu Esch-Uelzecht koum 2001 op den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.
Éierungen an Auszeechnungen
- 1916 Prix Grand-Duc Adolphe vum Cercle artistique de Luxembourg
- 1982 huet d'Lëtzebuerger Post en Timber mat enger Wanterlandschaft vum Mousset erausginn
- Zu Esch-Uelzecht ass d'Strooss Rue Eugène Mousset no him benannt
Ausstellungen
Vum 22. Oktober bis de 6. November 1977 war a senger Heemechtsstad Esch-Uelzecht an de Foyerë vum Escher Theater eng grouss Ausstellung fir den 100. Gebuertdag vum Kënschtler. 82 Biller vum Mousset, vun deenen déi meescht am Ueleg gemoolt waren, konnten do bewonnert ginn.
Seng Wierker (Auswiel)
- Ellergronn sous la neige
- L'Alzette à Noertzange
- Ellergronn en hiver
- Sous-bois en automne
- Ellergronn au printemps
Literatur
- Luciano Pagliarini, Laura Caregari: Eugène Mousset: Le Maître d'Esch - Der Escher Meister. Esch-Uelzecht: Éditions Schortgen, 2017. 176 S.ISBN 978-99959-36-54-9.
- Eng Wanterlandschaft
- D'Uelzecht am Réiserbann
- Cavalier arabe
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
- Mousset-Haus Esch-Uelzecht
Um Spaweck
Commons: Eugène Mousset – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Der Werdegang eines Sechzigjährigen: Eugen Mousset, der Schneemaler 28.9.1877—28.8.1837 am Luxemburger Wort Nr. 131 vum 10. Mee 1940, S. 7
Referenzen an Notten
- ↑ Gebuertsakt vun der Escher Gemeng vum 27. September 1877
- ↑ Doudesannonce am Escher Tageblatt vum 15. Februar 1941
- ↑ Atelierbesuch bei dem Meister der Schneelandschaft; Interview vum Mathias Weber mam Eugène Mousset an der A-Z Luxemburger Illustrierte Nr 17 vum 14. Abrëll 1938, S. 4-6