Ernest Lamborelle
Quick Facts
Biography
De Jean-Baptiste-Ernest Lamborelle, gebuer den 3. September 1880 zu Veianen a gestuerwen den 28. September 1936 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
Den Ernest Lamborelle gouf de 4. Mee1906 als Dokter zougelooss an huet sech kuerz drop zu Réiden néiergelooss, wou en de Rescht vu sengem Liewe gewunnt a praktizéiert huet. Hie war ausserdeem laang Joren Direkter vum neigegrënnte Franziskanerinnespidol, President vun der Association des sages-femmes a Member vum Exekutivcomité vum Roude Kräiz.
Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 fir d'éischt als Deputéierte fir d'Rietspartei an d'Chamber gewielt an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.
Seng Fra Marthe Bassing, déi en 1910 bestuet hat, ass mat just 29 Joer 1919 gestuerwen; si haten 3 Duechteren.
Gielchen
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)
Referenzen
Gielchen
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)