peoplepill id: emile-hulten
ÉH
Luxembourg
4 views today
4 views this week
The basics

Quick Facts

Work field
Gender
Male
Place of birth
Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Place of death
Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Age
54 years
Awards
Prix Grand-Duc Adolphe
(1957)
The details (from wikipedia)

Biography

Den Émile Hulten, gebuer de 5. August 1914 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen och do den 8. Mee 1969 bei engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.

Hien huet an der Handwierkerschoul an der Stad studéiert. Duerno huet hien Holzschnëtzerei an enger Fachschoul zu Oberammergau geléiert. Hie war éischter Autodidakt a war dofir nëmme ganz kuerz zu Paräis op der Ecole d'Art Décoratif fir sech kënschtlerech weiderzebilden. Fir hien hat dat handwierklecht Kënne Virrang iwwer dat kënschtlerecht.

Hien huet op Bestellung am Holz, Schifer, Leem, Gips a Goss geschafft. D'Bestellunge waren haaptsächlech reliéis Statuen a Relieffer, wat awer net verhënnert huet datt hien och Miwweldekoratiounen a soss Verzierunge gemaach huet.

Den Émile Hulten war am Zweete Weltkrich Member vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Scouten. Duerno huet hien als fräischafende Kënschtler geschafft.

1957 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Wierker

  • D'Entwërf fir d'Statue vum Biergaarbechter a vum Schmelzaarbechter, déi zu Esch op der Norbert-Metz Plaz, resp. an der Groussgaass stinn.
  • En Deel vun de Relieffer virum Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht
  • Dafsteen an der Kierch zu Esch-Lalleng
  • Muttergottes-Statu baussen iwwer der Entrée vun der Kierch Esch-Lalleng
  • Kräizegungsgrupp an der Kierch zu Beefort
  • Kräizwee an der Kierch zu Beetebuerg
  • Kräizwee an der Kierch zu Béiwen (Stauséigemeng)
  • Kräizwee an der Kierch zu Conter
  • Kräizwee an de Kierchen zu Éilereng, Zolwer, Konsdref, Maarnech, Biebereg, Miedernach, Méchelbuch, Péiteng, Iermsdref, Rueder, Biermereng, Simmer, Neiduerf, Wolwen, Houwald, Lëntgen, Bëschdref, Rippweiler, Biwesch, Éiter, Stengefort
  • Statuen a ville Kierche vum Land
  • D'Resistenzmadonna, eng Holzstatu, déi zanter 1982 an der Chapelle Notre-Dame de la Résistance zu Esch-Uelzecht steet.
  • Gossene Relief Land der Roten Erde, deen d'Escher Gemeng der Stad Moskau 1946 geschenkt huet.
  • Krichsmonument zu Duelem

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Menu Émile Hulten

Basics

Introduction

Wierker

Kuckt och

Gallery (1)

Lists

Also Viewed

Lists
Émile Hulten is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Émile Hulten
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes