peoplepill id: claudine-junck
CJ
Luxembourg
2 views today
2 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

D'Claudine Junck, gebuer den 29. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Diplombiologin.

No der Primärschoul zu Koplescht an dem Premièresexamen am Joer 1984 am Jongelycée um Lampertsbierg, huet d'Claudine Junck fir d'éischt Literatur um Centre universitaire (1984/85) studéiert, duerno awer Biologie op der Justus-Liebig-Universität vu Gießen (Diplom 1990).

Vun 1990 bis 2001 huet d'Claudine Junck als selbstänneg Biologin en eegene Bureau d'études, den “Naturschutzbüro Lanius”, dirigéiert. Parallel dozou war si vun 1998 bis 2004 als Biologin bei der Station biologique de l'Ouest asbl beschäftegt. Zënter dem 1. Januar 2005 ass si Chef de service vun der Station biologique SICONA vum Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature (SICONA-Ouest).

D'Claudine Junck ass wëssenschaftlech Collaboratrice vum naturhistoresche Musée. Si ass Member vun der “Gesellschaft für angewandte Carabidologie”. Si ass och Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), an där hirem Bulletin si eng Rei vu wëssenschaftlechen Artikele publizéiert huet.

Publikatiounen

  • Junck, C., 1992. Kleinsäugerkartierung im Südwesten Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 93, S. 163-168.
  • Junck, C., F. Schoos & R. Schoos, 1993. Faunistische Untersuchungen im geplanten Naturschutzgebiet “Mierscherdall”. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 94, S. 33-85.
  • Junck, C., 1993. Erstnachweis der Sumpfspitzmaus, Neomys anomalus Cabrera, 1907, in Luxemburg (Mammalia, Insectivora). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 94, S. 111-116.
  • Junck, C., R. Schoos & M. Grof, 1994. Flora und Fauna des Halbtrockenrasens “Geyersknapps” bei Bech. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 9-48.
  • Junck, C., F. Schoos & R. Schoos, 1994. Flora und Fauna der Steingrube “Schoofsboesch” bei Bettendorf. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 49-102.
  • Junck, C. & F. Schoos, 2000. Neuausbreitung des Laubfrosches (Hyla arborea) in der Folge von Biotopverbesserungsmassnahmen im Zentrum Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 100, S. 97-101.
  • Schopp-Guth, A., C. Junck, F. Sowa, S. Naumann & F. Schoos, 2006. Erfassung der seltenen Ackerwildkrautarten im Gebiet der Dogger-Hochflächen im Südwesten Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 107, S. 105-110.

Literatur

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Claudine Junck is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Claudine Junck
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes