Camille Pauly
Quick Facts
Biography
De Camille Pauly, gebuer den 23. September 1923 zu Dippech a gestuerwen den 28. Abrëll 1969 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Resistenzler, Politiker (LSAP) an Auteur.
Liewen a Karriär
No der Primärschoul zu Dippech ass de Camille Pauly an de Stater Kolléisch gaangen wou hie kuerz virun der däitscher Invasioun d'Première gemaach huet.
Wéi hien no dräi Méint Arbeitsdienst d'Wehrmachtsuniform net wollt undoen koum hien 1942 an de Gronn an de Prisong. Duerno huet hie wärend 16 (eng aner Quell seet 15) Méint am Ënnergrond gelieft.
Duerno war hie bal e Joer fir de Counter Intelligence Corps vun der amerikanescher Arméi zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an Däitschland aktiv.
1945 gouf hie vun der HADIR zu Déifferdeng agestallt wou hien 1960 Chef am Büro vun der Krankekeess gouf.
De Politiker
Vun 1963 bis zu sengem Doud 1969 war hie Member am Gemengerot vun der Gemeng Déifferdeng.
Nom Doud vum Déifferdenger Buergermeeschter Jean Gallion ass hien am Oktober 1968 an d'Chamber nogeréckelt an huet dat Mandat bis zu de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 behalen.
Den Auteur
De Camille Pauly war och als Auteur vun Theaterstécker aktiv.
Zu senge Wierker zielen:
- Ons Jongen, Theaterstéck iwwer zwangsrekrutéiert Zaldoten an der däitscher Arméi
- D'Le'ft op Ëmwéen, Operett vertount vum Pol Albrecht.
- De Chef vun der "V" Grupp,
- En treie Kniècht,
- Schwe'er Stonnen,
- D'Nina,
- Et wor am sche'ne Mé,
- D'Famille Lann.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Camille Pauly: S. 149).
- ↑ (fr)Doudesannonce vum Camille Pauly. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (30. Abrëll 1969). Gekuckt de(n) 2023-04-21.
- ↑ (de)Goetzinger, Germaine, Camille Pauly. Luxemburger Autorenlexikon. CNL (23 November 2022). Gekuckt de(n) 2023-04-21.