peoplepill id: andy-loor
AL
Luxembourg
4 views today
4 views this week
Andy Loor
Lëtzebuergesche Sänger

Andy Loor

The basics

Quick Facts

Intro
Lëtzebuergesche Sänger
Work field
Gender
Male
Instruments:
The details (from wikipedia)

Biography

Den Andy Loor ass e lëtzebuergesche Sänger an Dirigent.

Säi musikalesche Wee huet als jonke Perkussionist a verschiddenen Ensembelen, sou wéi an der Foulschter Musek (Fanfare Union Folschette) ugefaangen. Wéi hien an de Conservatoire du Nord komm ass, huet hie virun allem Uergel bei de renomméierten Organisten Carlo Hommel a Maurice Clement geléiert. Spéider huet hie sech op d'Chouerleedung beim Martin Folz an op de klassesche Gesang bei der Mariette Lentz konzentréiert. 2016 huet hien de Prix Supérieur am Sologesank kritt.

An Zesummenaarbecht mat den Ensembelen Eurocantica an dem Kamerkoor Maastricht, sou wéi bei de Produktioune vun der Classe d'art lyrique vum Conservatoire du Nord, ass hien als Solist opgetrueden. Am Februar 2014 hat hien an der Oper Rinaldo vum Georg Friedrich Haendel, déi am Centre des arts pluriels Edouard-Juncker (CAPe) opgefouert gouf, seng éischt Rollen an enger professioneller Opereproduktioun: déi vum Mago a vum Heraldo.

2016 huet hien de Masterstudium an der Chouerleedung beim Ludo Claesen am Conservatoire zu Maastricht, souwéi den Diplôme du 1er Prix an der Orchesterdirektioun (Klass vum Carlo Jans am Conservatoire de la Ville de Luxembourg) ofgeschloss. Dono mécht hien nach e Studium fir moderne Gesang um Complete Vocal Institute zu Kopenhagen.

Zanter e puer Joer schafft hien als Dirigent fir den Institut européen de chant choral (INECC) a fir d'Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an hien ass Enseignant an der Réidener Museksschoul. 2017 huet hien den A-Capella-Chouer Crush?! gegrënnt.

Chéier, déi den Andy Loor dirigéiert

  • Crush?! Vocal Band
  • Dikricher Solschlësselcher
  • Ensemble vocal Eurocantica
  • Sängerbond Helvetia
  • Sängerbond Dikkrech

Um Spaweck

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Andy Loor is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Andy Loor
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes