peoplepill id: aloyse-schiltz
AS
Luxembourg
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

Gender
Male
Birth
Age
99 years
The details (from wikipedia)

Biography

Den Aloyse Schiltz, gebuer den 21. Januar 1919 zu Ettelbréck a gestuerwen den 8. Abrëll 2017, war e lëtzebuergesche Resistenzler an Offizéier (Lieutenant-Colonel).

Hien ass de Brudder vum René Schiltz, deen och Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi war.

Seng Liewensgeschicht

Als fréiere Member vun de Lëtzebuerger Scouten, déi vun den Nazie verbuede waren, huet hie sech a seng ganz Famill an der Resistenz engagéiert.

Wéi d'Gestapo him op der Spuer war, huet hie mat der Hëllef vum Albert Ungeheuer d'Land verlooss an iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal, London erreecht.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Exilregierung gouf hien déi franséisch Offizéieschschoul Cadets de la France Libre (St. Cyr en exil) opgeholl. Am Mee 1944 krut e säin Offizéieschbrevet an huet dunn nach Spezialcourse bei de Parascommandoe vum BCRA kritt.

Uganks August gouf hien an de franséischen Ardennen an der Géigend vu Charleville-Mézières hanner den däitsche Linne parachutéiert an huet mat de Maquisarde géint déi däitsch Ënnerdrécker gekämpft.

Den 10. an 11. September 1944 war hie bei der Liberatioun vu Lëtzebuerg dobäi. Nom Krich war hie Kommandant vun der Groussherzoglecher Garde an huet an där Eegenschaft den Exekutiounsplotto kommandéiert, deen déi zum Doud verurteelt Kollaborateuren higeriicht huet.

Literatur

  • Serge Hoffmann (Historiker): Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997

Kuckt och

  • Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
  • Resistenz

Um Spaweck

Referenzen

  1. Noruff fir de Lieutenant-Colonel Aloyse Schiltz am Luxemburger Wort vum 21. Juni 2017 op der Säit 61
  2. Den Aloyse Schiltz op der Websäit onsjongenameedercher.lu
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Aloyse Schiltz is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Aloyse Schiltz
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes