Alain Georges
Quick Facts
Biography
Den Alain Georges, gebuer den 23. Juni 1938, ass e lëtzebuergesche Jurist a Banquier, dee virun allem dofir bekannt ass President vum Direktiounskommittee vun der Banque générale du Luxembourg (BGL) gewiescht ze sinn.
De geléierte Jurist, Docteur en Droit, war vun 1962 bis 1966 Affekot an ass duerno bei d'BGL gewieselt. 1987 ass hie President vum Direktiounskommittee ginn, wou hien zanter 1979 Member war. Enn 2000, e knappsst Joer nodeem de Grupp Fortis d'BGL komplett iwwerholl hat, huet hie seng Plaz bei der BGL opginn.
Den Alain Georges war och President vum Verwaltungsrot vun der BIP Investment Partners, Luxair a Verwaltungsrotmember vun der Cargolux an Arbed. Dat selwecht Joer ass hien och President vun der F.I.L., der spéiderer Luxexpo ginn, deen hie bis Juni 2010 bliwwen ass. Säin Nofollger bei der Luxexpo gouf de Raymond Schadeck.
Den Alain Georges war vu 1990 bis 2001 President vum Centre de recherche public Gabriel-Lippmann a kuerz, vun 2001 bis 2004, President vum Verwaltungsrot vun der Luxair. Hei gouf säin Nofollger de Marc Hoffmann.
Hien ass den National-President vun de FNEL-Scouten a Guiden. Hien ass Verwaltungsrotmember vun der Ceratizit a vum Mudam.