D'Viviane Thill, gebuer den 22. Januar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Iwwersetzerin, Filmkritikerin an Autorin vun e puer Filmbicher. Si schafft zanter 1996 am CNA.
Formatioun
Hir Première huet d'Viviane Thill 1981 am Lycée Michel Rodange gemaach.
- Tëscht 1982 a 84 Diplôme d'études universitaires générales op der Paris III
- 1984-85 huet si hir Lizenz a Langues étrangères appliqueées an der École Supérieure d'Interprètes de de Traducteurs zu Paräis gemaach.
- 1985-86 koum et zu der Maîtrise LEA op der ESIT a
- 1987 krut si den Diplome (D.E.S.S.) vun der ESIT
Beruffsliewen
- 1986-87 Stage vun engem Mount am Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg am Iwwersetzungsservice.
- 1988 krut si e Kontrakt vun engem Joer am CNA
- 1989-91 war si responsabel vum kulturellen an audiovisuelle Secteur vun der Action Solidarité Tiers Monde, enger lëtzebuergescher NRO.
- 1992-94 huet si an der Stater Cinemathéik geschafft, an där si sech ëm d'Redaktioun vun de Programmer a Broschüren, den Archiver an der Dokumentatioun gekëmmert huet.
- Vun 1993 bis 94 war d'Viviane Thill d'Vertriederin vu Lëtzebuerg am European Script Fund vun der EU.
- Tëscht 1994 a 95 war si am CNA als Expertin fir Audiovisuelles ugestallt a vun 1996 un schafft si am CNA am Service film.