Tom Jungen

Luxembourgish politician
The basics

Quick Facts

IntroLuxembourgish politician
PlacesLuxembourg
isPolitician Activist Trade unionist
Work fieldActivism Politics
Gender
Male
Birth14 May 1976, Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Age48 years
Star signTaurus
Politics:Luxembourg Socialist Workers' Party
The details

Biography

Den Tom Jungen, gebuer de 14. Mee 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen OGBL-Gewerkschaftler an LSAP-Politiker. Hien ass zanter 2008 Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.

Den Tom Jungen ass zu Krautem opgewuess, wou hien an d'Primärschoul gaangen ass. Säi Secondaire huet hien an der Handwierkerschoul gemaach, an der Sektioun Electromécanique.

Nodeem hie vun 1995 un e puer Joer bei Soutirages luxembourgeois geschafft hat, ass den Tom Jungen 1999 haaptberuffleche Gewerkschaftssekretär beim OGBL ginn. Seng Responsabilitéite louche fir d'éischt am Secteur Alimentatioun an Hôtellerie an duerno am ëffentlechen Déngscht. 2006 gouf hie Regionalsekretär fir Diddeleng a fir den Oste vu Lëtzebuerg.

Den Tom Jungen ass vu 16 Joer un an der LSAP a bei de Jongsozialisten aktiv. 1999 ass hie fir d'éischt zu Réiser op der LSAP-Lëscht mat an d'Gemengewale gaangen a gouf direkt an de Gemengerot gewielt. Am Mäerz 2001 ass hien an de Schäfferot komm a gouf de 5. Februar 2008 als Buergermeeschter vereedegt.

Zanter dem Januar 2019 ass hie Generalsekretär vun der LSAP.

Aner Funktiounen

  • Delegéierte beim SES, zanter 2001
  • President vum SES, zanter 2005
  • Delegéierte beim SEBES, zanter 2005
  • Kommiteesmember beim SICEC, zanter 2001.
  • President vum SICEC, zanter 2018
  1. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 05 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.