Thierry Faber

Luxembourgian film editor
The basics

Quick Facts

IntroLuxembourgian film editor
PlacesLuxembourg
isFilm editor Screenwriter
Work fieldFilm, TV, Stage & Radio
Gender
Male
Birth22 June 1974
Age50 years
Star signCancer
Family
Mother:Marie-Christine Faber
Father:Paul Faber
The details

Biography

Den Thierry Faber, gebuer den 22. Juni 1974 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmediteur, Zeenarist a Realisateur. Hien huet seng Carrière 1999 ugefaangen.

Hien huet vun 1993 bis 1997 zu Stroossbuerg op der U.S.H.S. Geschicht studéiert. Vun 1997 bis 2000 war hien zu Louvain-la-Neuve op der Filmschoul I.A.D.

Zanterhier huet hien dacks als Filmediteur ("Cutter") geschafft; 2003 an 2007 krut de Faber dofir de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht technesch Kontributioun. 2015 huet hien de Kuerzfilm À quoi bon? realiséiert.

Hien ass de Créateur, (Co-)Zeenarist a Showrunner vun der TV-Serie Capitani. Virdrun huet hien un den Dréibicher vun de Sitcome Weemseesdet a Comeback a vum Film De Superjhemp retörns matgeschafft.

Referenzen

  1. Fiche op IMDb (en)
  2. http://www.journal.lu/article/talentschmiede-1/
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 04 Oct 2023. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.