Simone Feis

The basics

Quick Facts

isHistorian
Work fieldSocial science
Gender
Female
Birth1981
Age44 years
The details

Biography

D'Simone Feis, gebuer 1981, ass eng lëtzebuergesch Historikerin a Conservatrice am Musée Dräi Eechelen.

No hire Secondairesstudien am Dikrecher Kolléisch huet d'Simone Feis zu Bréissel op der ULB zäitgenësseg Geschicht studéiert (Zweet Lizenz, oder MA, 2005). Hir Diplomaarbecht huet sech mat der Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg beschäftegt.

D'Simone Feis huet eng Zäit zu Miersch am nationale Literaturzentrum geschafft. Duerno ass si als Conservateur stagiaire an de Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg - Musée Dräi Eechelen komm. Mëttlerweil ass si do als Conservateur ugestallt.

Publikatiounen

  • (Kollektiv; ë. a.: Lucien Blau, Paul Dostert, Simone Feis, Serge Hoffmann, Steve Kayser, Jacques Maas, Lise Piazza, Henri Wehenkel) Collaboration: Nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; Actes du colloque international, Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, Mai 2006; éditéiert vun den Archives nationales; Lëtzebuerg (Imprimerie Hengen), 2008; 479 Säiten. ISBN 978-2-919773-01-5
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 07 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.