D'Sandra Schmit, gebuer den 23. September 1972 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Literaturwëssenschaftlerin. Si huet alenglesch Literatur a Kultur op der Heinrich-Heine Universitéit zu Düsseldorf studéiert a schafft zanter 2001 am Lëtzebuerger Literaturarchiv.
Si huet um Luxemburger Autorenlexikon matgeschafft an zwou kommentéiert Studienausgaben erausbruecht. 2009 ass hiren éischte Roman, A Winter Tale, eng erotesch Erzielung op Englesch, am Ultimomondo-Verlag erauskomm. 2012 koum eng Fortsetzung no, Rights of Spring. Am Internet schreift d'Sandra Schmit ënner dem Pseudonym cathar maiden.
Wierk (Auswiel)
Fuerschung
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesummen mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7.
- Gonner, Nicolas (Ed.), 2008. Prairieblummen: eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch. Virgestallt a kommentéiert vum Sandra Schmit. 292 p. Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 15. Centre national de littérature, Mersch, Faber. ISBN 978-2-919903-10-8.
- Tidick-Ulveling, Marie-Louise, 2010. Im Zeichen der Flamme. Roman. Vorgestellt und kommentiert von Sandra Schmit. Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 16. Centre national de littérature, Mersch, Faber.
Erzielungen
- A Winter Tale. Éditions Ultimomondo, 2009. ISBN 978-2-919933-50-1.
- Rights of Spring. Münster: Edition Octopus, 2012. ISBN 978-3-86991-469-5.
Literatur
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 135-138
Um Spaweck