Philippe Servais

The basics

Quick Facts

Gender
Male
Birth5 February 1810
Death22 November 1890 (aged 80 years)
Star signAquarius
The details

Biography

De Philippe Servais, gebuer de 5. Februar 1810 zu Miersch a gestuerwen den 22. November 1890 zu Kürenz engem Staddeel vun Tréier, war e lëtzebuergeschen Industriellen.

Hie war Schmelzhär vun der Weilerbacher Schmelz.

Mat sengem Brudder Bernard huet hien de 17. Mäerz 1858 d'Kommanditgesellschaft Forges des Frères Servais ("Hollerecher Schmelz" oder "Servais-Schmelz" genannt) zu Hollerech gegrënnt an do zwéin Héichiewe baue gelooss.

1862 hunn déi zwéin d'Schmelz vu Kolmer-Bierg gelount, an 1871 eng Konzessioun ugefrot fir eng Eise-Minière vun 165 ha um Territoire vun de Gemenge Nilvange, Algrange a Marspich z'exploitéieren.

De Philippe Servais war den eelste Jong vum Antoine Servais a Brudder vum Staatsminister Emmanuel Servais.

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.