Paul Kremer

Luxembourgish writer
The basics

Quick Facts

IntroLuxembourgish writer
PlacesLuxembourg
isWriter
Work fieldLiterature
Gender
Male
Birth8 May 1943, Diekirch, Diekirch, Canton of Diekirch, Luxembourg
Age81 years
Star signTaurus
The details

Biography

De Paul Kremer, gebuer den 8. Mee 1943 zu Dikrech, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Philosophiesprofesser an Auteur.

De Paul Kremer, e neoplatonesche Philosoph , huet 1968 op der Sorbonne (Paräis) eng Thèse de 3e cycle an der Logik gemaach: Concept et existence chez Frege. Am Kader vum Stage pédagogique fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien 1970 e Memoire ënner dem Titel Wende der Zeit - anhand von Heidegger verdeedegt. 1974 gouf e Professer am Lycée Robert-Schuman an der Stad. Um Enn vu senger Carrière am Enseignement huet hien och als Assistant-professeur op der Universitéit Lëtzebuerg Course ginn.

Hien ass zanter ronn 30 Joer fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, a mécht Konferenzen a Kommentaren am Soziokulturelle Radio.

De Paul Kremer ass President vun der Commission nationale d'éthique.

De Paul Kremer war Ceinture noire am Karate an Triathlet.

Publikatiounen (Auswiel)

  • Wende der Zeit. Éditions Schortgen, 2011; 164 Säiten; ISBN 978-2-87953-134-2. [Dëst Buch spigelt dem P. Kremer seng 30-järeg Mataarbecht bei RTL erëm].

Literatur

  • Wirth, Nico, 2012. Paul Kremers Buch Wende der Zeit. Irrstern Luxemburg. - d'Lëtzebuerger Land vum 17. Februar 2012, S. 18-19.

Referenzen an Notten

  1. Luxemburger Lexikon, S. 227.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 31 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.