Martine Anne Breisch

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
isSinger Musician Actor Dub actor
Work fieldFilm, TV, Stage & Radio Music
Gender
Female
Instruments:Voice
Birth23 December 1976, Esch-sur-Alzette, Canton of Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Age48 years
Star signCapricorn
Family
Siblings:Paul Breisch
The details

Biography

D'Martine Anne Breisch, gebuer den 23. Dezember 1976 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Sängerin, Musekerin, Schauspillerin a Synchronspriecherin.

1996 huet d'Martine am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht de Premièresdiplom a moderne Sprooche gemaach. Vun 1996 bis 1999 huet si um Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (zanter 2003 Université du Luxembourg) studéiert an do mat engem Diplom als Enseignant (Pedagogik) ofgeschloss. Nodeem si 14 Joer um Escher Conservatoire war (Gei, Solfège, Chouerdirectioun, Gesang), ass si 1999 op Paräis gaange fir Musical, Schauspill an Danz ze studéieren. 2000 ass si op Frankfurt am Main gewiesselt an huet do 2002 hiren Diplom als Musicalduerstellerin, Sängerin a Schauspillerin gemaach. 2008 huet si eng Zousazausbildung als Studio- a Synchronspriecherin zu Berlin gemaach a schafft zanterhier och reegelméisseg als Speakerin an Däitschland, a Frankräich, an der Belsch an zu Lëtzebuerg am Studio fir Synchronisatioun, Publicitéiten, Reportagen a Voix Off.

Vun 2002 bis 2009 war si reegelméisseg op Tournée duerch Europa mat Schauspillstécker, Musicals an Operetten. Si hat ënner anerem Gaaschtengagementer zu Augsburg, Essen, Fürth, Tréier, Mannheim, Deidesheim a Frankfurt am Main. Donieft war si vun 2002 bis 2016 Dozentin op der Stage & Musical School zu Frankfurt am Main, wou si ë. a. d'Helene Fischer als Studentin hat. Si huet vun 2012 bis 2019 Theatercourse fir Teenager a Jugendlecher zu Darmstadt ginn a vun 2014 bis 2019 Musicalgesang zu Tréier op der Karl-Berg-Musikschule enseignéiert. Zousätzlech huet si zanter 1999 ëmmer nees Kanner-, Jugend- an Erwuessechéier, zu Lëtzebuerg geleet. 2017 gouf si d'offiziell Stëmm vun der Lëtzebuerger Eisebunnsgesellschaft CFL a vu September 2018 un, ass si Chargée de cours fir Solfège, éveil musical, Chant Comédie musicale an Theater an der Maacher Museksschoul.

Si ass d'Sëschter vum Paul Breisch, Museker an Organist an der Stater Kathedral.

Filmographie (Auswiel)

  • Die Dunkle Seite des Mondes, Reporterin, Kinofilm Thriller, Iris Production D/L, Regie Stephan Rick
  • Alles Verbrecher - Eiskalte Liebe, Reiseanbieterin, ZDF Fernsehfilm, U5-Filmproduktion/Dorothee Schön, Susanne Schneider, Regie Jürgen Bretzinger
  • Männer ticken, Frauen anders, Bewerberin, ZDF Fernsehfilm, Regie Rolf Silber

Synchron (Auswiel)

  • Pachamama, Tarantula Films F/L/Can, Synchron, Réalisation Juan Antin
  • Clerks (Die Ladenhüter), Miramax Films, Synchronstëmm Veronica, Regie Kevin Smith
  • Gordy, Disney Film, Synchronstëmm Mama Pig, Jay Sommers/Dick Chevillat, Regie Mark Lewis
  • Children of Heaven (Himmelskinder), Miramax Films, Synchronstëmm Khanom Kobabs Frau/Lisa, Regie Majid Majidi
  • Drôles de petites bêtes/Léif kleng Déiercher, Tarantula Distribution/Kideaz, Regie Antoon Krings/Arnaud Bouron

Theater (Auswiel)

  • Heisse Zeiten - die Wechseljahre Revue, (Tilmann von Blomberg/Bärbel Arenz), die Vornehme, Boulevard Theater Deidesheim, Regie Felizitas Hadzik
  • Fame-The Musical (J.Levy/S.Margoshes), Miss Bell, Theater Trier, Regie Alexander Etzel-Ragusa
  • Der Treuetest (Daniel Call), Anja Keller, Oststadt Theater Mannheim, Regie Uwe von Grumbkow
  • Do sin Se Rischtisch (M.Camoletti), Irma Müller, Oststadt Theater Mannheim, Regie Hans-Joachim Heist
  • Ödipus/Antigone (Sophokles), Ensemble/Chor, Schauspiel Frankfurt, Regie Michael Thalheimer
  • Die Biene Maja (Waldemar Bonsels), Kassandra, Iffi, Elfe, Bienenkönigin, Theater Trier, Regie Joerg Bitterich
  • Die Bremer Stadtmusikanten' (F.K.Waechter, S.Matz), Schaubudenbesitzerin/Bäuerin/Räuberin, Theater Trier, Regie Ingolf Huhn
  • Im Weissen Rössl (R.Benatzky), Klärchen, Theater Trier, Regie M.P.Liebermann
  • Anatevka (J.Bock), Bielke, Sprintze, Fiedler, Produktions-Assistenz, Requisite, Konzertdirektion Landgraf Eurostudio Titisee-Neustadt, Tournée D/CH/A/L, Regie M.W.von Wildemann
  • Pariser Leben' (J.Offenbach), Louise/Claire de Lune/Can-Can-Tänzerin, Parktheater Augsburg/Theater im Rathaus Essen, Tournée D/CH/A, Stadttheater Fürth, Regie E.Gleede
  • Drei Männer im Schnee (E.Kästner), Ensemble, Studio Bühne Frankfurt/M., Regie A.Walther-Schroth
  • Die 3-Groschen-Oper (K.Weill/B.Brecht), Frau Peachum, Studio Bühne Frankfurt/M., Regie D.Rink

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Schauspiller a Schauspillerinnen
  • Lëscht vu lëtzebuergesche Museker

Um Spaweck

The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 31 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.