Biography
Also Viewed
Quick Facts
Gender |
| |
Birth | 25 February 1858 | |
Death | 19 June 1922 (aged 64 years) | |
Star sign | Pisces |
Biography
De Martin Schweisthal, gebuer de 25. Februar 1858 zu Bieberech a gestuerwen den 19. Juni 1922 zu Etterbeek (B) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Sproochwëssenschaftler.
Säi Liewen
No sengem Ofschlossexamen am Stater Kolléisch am Joer 1877 goung de Martin Schweisthal op Paräis an d'École pratique des hautes études. Duerno huet hien zu Prag an zu Heidelberg Philosophie a Literatur studéiert a säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss. Hien hat vu senger Studienzäit profitéiert, fir sech an der Archeologie ze spezialiséieren, wat erkläert, datt hie spéider President vun der archeologescher Gesellschaft vu Bréissel ginn ass.
1889 ass hie Bibliothekär vum Grof vu Flandern ginn. Parallel dozou huet hien déi däitschsproocheg Sektioun vum "Bureau international des tarifs douaniers", deen zu Bréissel ënner der Egide vum belschen Ausseministère funktionéiert huet, geleet. Vun 1912 bis 1922 war hie Bibliothekär vum belsche Kinnek Albert I.
Nieft linguisteschen Aarbechten huet hien och reng literaresch geschafft an z. B. Reesberichter an aner Artikele publizéiert. Zesumme mam Nicolas Leonardy huet hien e patriotescht Trauerspill iwwer de Klëppelkrich verfaasst; en huet awer och Kaméidistécker geschriwwen.
Publikatiounen (Auswiel)
- Essai sur la valeur phonétique de l'alphabet latin, principalement d'après les grammairiens de l'époque impériale, Paris, E. Leroux, 1882.
- Der Klöppelkrieg : vaterländisches Trauerspiel in 5 Aufzügen : mit einem Nachspiele. Luxemburg : St. Paulus-Gesellschaft : J. Erpelding, 1890, 62 S. (zesumme mam Nicolas Leonardy).
- Les Francs des bords de la Moselle et leurs descentants de Transylvanie. Arlon, 1904.
Eng détailléiert Opstellung vum Schweisthal senge Publikatioune bis an d'Joer 1900 ass am Martin Blum senger Bibliographie ze fannen.
De Schweisthal huet och alt ënner dem Pseudonym “Quiroule Pierre“ oder "Peregrinus" publizéiert.
Bibliographie
- Conter, C.D., 2007. Schweisthal, Martin. S. 561-562 In: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. Online-Versioun. Stand: 14. Dezember 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/156/5156/DEU/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012]. (de)
- Conter, C.D., 2010. Schweisthal, Martin. S. 569 In: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7. Online-Versioun. Stand: 14. Dezember 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/156/5156/FRE/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012]. (fr)
- Reuter, A., 2003: Martin Schweisthal 1876-1922. In: 400 Joer Kolléisch, Band II. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, S. 333.
Referenzen