Biography
Lists
Also Viewed
Quick Facts
Intro | Luxembourgish artist | ||
Places | Luxembourg | ||
is | Artist Sculptor | ||
Work field | Arts | ||
Gender |
| ||
Birth | 9 February 1952, Esch-sur-Alzette, Canton of Esch-sur-Alzette, Luxembourg | ||
Age | 72 years | ||
Star sign | Aquarius | ||
Awards |
|
Biography
D'Marie-Josée Kerschen, gebuer den 9. Februar 1952 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin.
Si schafft zanter 1983 zu Veianen an huet hiren Atelier mat verschiddenen Artiste gedeelt, z. B. dem hollännesche Kënschtler Willem Bouter an dem Spezialist fir Mosaik Carlo Signorini, mat deem si zanter 2010 bestuet ass.
1992 war d'Marie-Josée Kerschen Laureatin vum Prix Grand-Duc Adolphe, e Konschtpräis, deen zu Lëtzebuerg all zwee Joer vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) vergi gëtt.
1997 publizéiert Samsa Film déi éischt Videokassett an hirer Serie Portraits d'artistes mat ënner anerem dem Kuerzfilm Marie-Josée Kerschen vum Christian Kmiotek.
Schoulen
- 1974-78: Staatliche Akademie der Bildenden Künste Karlsruhe (D)
- 1978-82: Accademia di Belle Arti di Carrara (I)
- 1983: Cité internationale des arts de Paris (F)
- 1988: Internationale Sommerakademie Salzburg (A)
Präisser
- 1979 "Scolpire all'Aperto", praemio publico
- 1983 Prix de la sculpture (Biennale Esch/Alzette)
- 1992 Prix Grand-Duc Adolphe
- 1993 Prix du Ministère de la culture (Quinquennale Esch/Alzette)
- 1996 Prix d'art Limes
Eenzelausstellungen
- 1983 "Lebzeiten" Galerie d'Art Municipale Esch-Uelzecht (L)
- Sculptures-portraits, Centre culturel Larei, Vianden (L)
- 1985 "Sculptures", Château de Vianden (L)
- 1986 Art Gallery Luxembourg Geburt - Deutscher Gynäkologenkongress, Düsseldorf (D)
- 1988 "Vols aux Vents", Centre culturel français, Lëtzebuerg (L)
- 1990 "himmel an hell", Galerie Sünnen, Bech/Kleinmacher (L)
- 1991 "La mort expulsée, l'amour explose", Galerie municipale, Esch/Uelzecht (L)
- 1992 Artemos Galerie Bastogne (B)
- 1994 / 1996 / 1997 / 2000 Galerie Schweitzer, Lëtzebuerg (L)
- 2003 mat dem Gen Biwer, Galerie BC2 (L)
- 2005 "Touchant – du bois", mat dem Claire Lesbros, Galerie Spiren, Strassen (L)
- 2006 "Duo Allegro Vivace" mat dem Carlo Signorini, Kulturhaus Miersch (L)
- 2007 "My Latin Lovers", Galerie Schweitzer (L)
Wierker
- "7up for Peace", Holz (Eech), Héicht 1,46 - 2,41 m, 2007 - am Kader vun der Strooss vum Fridden, beim Kierfecht zu Bauschelt
- Skulptur "Helleg Theresia vu Lisieux", Kierch zu Walfer
- Skulptur "Maximilian Kolbe", Kierch zu Walfer
- Skulpturen um Trottoir virun der École privée Sainte-Anne zu Ettelbréck
- "Abbraccio", Monument iwwer d'italieenesch Immigratioun op der Brillplaz zu Esch-Uelzecht (1992)
- Dat kënschtlerescht Museksinstrument "Musikalische Zaungäste" um Klangwanderwee zu Houschent
- D'Skulptur "Die Lebensspirale" um Kierfecht zu Bartreng (2008)
Publikatiounen
- Ma vie sculptée, Préface vun der Marie-Anne Lorgé, Éditions Ultimomondo, 2012, ISBN 978-2-919933-2
Literatur
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 54-57)
Fotoalbum vun hire Wierker
D'Helleg Theresia vu Lisieux, Dräifaltegkeetskierch zu Walfer
Maximilian Kolbe,
Kierch WalferMaximilian Kolbe, Détail, Kierch Walfer
Monument, Amicale Albert Ungeheuer, Mäertert
"7up for Peace", 2007, Bauschelt
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
Um Spaweck
- Websäit vum Marie-Josée Kerschen (fr)
- D 'Marie-Josée Kerschen op der Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg (fr)