Marcel Goebel

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
wasArchitect
Work fieldEngineering
Gender
Male
Birth23 May 1914
Death23 September 1978 (aged 64 years)
Star signGemini
The details

Biography

De Marcel Goebel, gebuer den 23. Mee 1914 zu Habscht an duerch en Accident gestuerwen den 23. September 1978, war e lëtzebuergeschen Architekt.

Seng Secondairesetuden huet hien an der Industrieschoul zu Iechternach gemaach. Säin Architektsdiplom krut hien den 19. Oktober 1940, nodeem hien op der École supérieure d'architecture Saint-Luc zu Bréissel an zu Léck studéiert hat. Als Architekt war hien aktiv beim Neesopbau vun Iechternach an der Ëmgéigend nom Zweete Weltkrich. Aus där Zäit stamen ë. a.:

  • den Hotel Meyer zu Beefort
  • den Hotel du Parc zu Iechternach
  • d'Hostellerie de la Vallée zu Hiefenech
  • d'Paschtoueschaus vis-à-vis vun der Péitrus a Paulus-Kierch zu Iechternach

An anere Géigenden:

  • Primärschoulen zu Furen, Éiter an Tandel
  • Offizéieschvillaen um Dikkrecher Härebierg

Literatur

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 212
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 05 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.