Josy Hamer

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
wasMusician Violinist
Work fieldMusic
Gender
Male
Birth3 October 1925, Eselborn, Luxembourg
Death26 December 2022 (aged 97 years)
Star signLibra
The details

Biography

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Josy Hamer, gebuer den 3. Oktober 1925 zu Eeselbuer, a gestuerwen de 26. Dezember 2022, war e lëtzebuergesche Violonist, Hautboisspiller an Direkter vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Vum zweete Schouljoer un ass hien zu Esch-Uelzecht an d'Museksschoul gaangen, wou hie Solfège, Gei an Hautbois studéiert huet. No dem zweete Weltkrich huet e säi Museksstudium zu Bréissel um Conservatoire Royal weidergefouert a mat e puer Diplomer ofgeschloss. Kuerz duerno gouf en 1949 vum Henri Pensis an den Orchester vun RTL engagéiert, wou en déi zwee Instrumenter Gei an Hautbois gespillt huet. Doniewent war hie vun 1955 bis 1965 Dirigent vun der Dikrecher Philharmonie an huet zu Dikrech an der Museksschoul Gei, Hautbois a Klarinett enseignéiert. Vun 1965 bis Dezember 1989 war hien deen éischte Lëtzebuerger Direkter vum Stater Conservatoire, deen duerch seng Impulser 1985 en neit Gebai um Geesseknäppche krut.

Gielercher

  • Officier vum Ordre d'Orange Nassau (Promotioun 1974)
  • Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1974)

Referenzen

  1. Le Conservatoire de la Ville de Luxembourg et ses directeurs an der Nummer 65 vun 2000 vun Ons Stad op de Säiten 12 bis 16
  2. Der „Pionéier" Josy Hamer ist gegangen. Luxemburger Wort (2023-01-22). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  3. Historique du CMNord - Conservatoire du Nord. www.cmnord.lu. Gekuckt de(n) 2023-02-26.
  4. Joseph Groben: "In Memoriam Josy Hamer" - Noruff am Luxemburger Wort vum 26. Januar 2023, S.15
  5. Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  6. Pour leurs mérites dans le domaine culturel. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (26. Juni 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-23.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 24 Feb 2024. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.