Jeanne Olinger-Rouff

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
wasJudge
Work fieldLaw
Gender
Female
Birth26 April 1928
Death28 December 2012 (aged 84 years)
Star signTaurus
The details

Biography

D'Jeanne Olinger-Rouff, gebuer de 26. Abrëll 1928 a gestuerwen den 28. Dezember 2012, war eng lëtzebuergesch Juristin a Fraerechtlerin.

D'Jeanne Rouff war eng vun den dräi Dammen, déi am Mäerz 1961 vum Justizminister Paul Elvinger als éischt weiblech Magistratinne genannt goufen. Si war ënner anerem Riichterin, Avocat général, Conseillère a Président de Chambre op der Cour d'Appel an zulescht, bis zu hirer Pensioun, als éischt Fra Procureur d'Etat zu Lëtzebuerg.

Si war Grënnungsmember vum Conseil National des Femmes, Member vun der Fédération Luxembourgeoise des Femmes Universitaires a vum informelle Club vun de Femmes Juristes, deen d'Reform vun den Zivilrechter vun der bestueter Fra virugedriwwen huet an déi néideg Gesetzesvirlagen dozou ausgeschafft huet.

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Märel no hir ze nennen.

Referenzen

  1. Colette Flesch: "Am Gedenken un 2 dichteg Fraen." RTL.lu - 29.05.2013, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2013, 09:26.
  2. op archives-vdl.findbuch.net

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 05 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.