Jean-François Gangler

Luxembourger translator
The basics

Quick Facts

IntroLuxembourger translator
PlacesLuxembourg
wasTranslator
Gender
Male
Birth4 July 1788
Death13 March 1856 (aged 67 years)
Star signCancer
The details

Biography

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur an Iwwersetzer Jean-François Gangler. Fir den Architekt François Gangler, kuckt wgl. François Gangler.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-François Gangler, gebuer de 4. Juli 1788 a gestuerwen den 13. Mäerz 1856 an der Stad Lëtzebuerg, war en Zaldot ënner dem Napoleon, Läitnant am Département des Forêts, Sproocheprofesser zu Prag, Polizeikommissär a vereedegten Iwwersetzer zu Lëtzebuerg.

Bekannt gouf hien 1840 duerch d'Publikatioun vum éischte Lyrikband op Lëtzebuergesch: "Koirblummen um Lamperbiéreg geplekt". 1847 gëtt hien deen éischte Lëtzebuerger Dictionnaire, de "Lexicon der Luxemburger Umgangssprache" eraus. Vun him staamt och ë. a. en Text iwwer den Hämmelsmarsch, deen haut an de Vergiess geroden ass.

Literatur zum Theema

Vum Gangler

  • Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird)..., Lëtzebuerg 1847.

Iwwer de Gangler

  • Emmel, Fernand: "Jean-François Gangler (1788-1856): une vie au service de la Ville de Luxembourg et de la langue luxembourgeoise". In: Annuaire / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik, 1997, S. 5-208, ill., tabl., carte en ann.
  • Emmel, Fernand: "Register des Polizeikommissar Gangler". In: Bulletin n°35 des Anciens de l'Athénée, 2015, S. 68-93, ill.

Kuckt och

  • Lexicon der Luxemburger Umgangssprache
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 01 Sep 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.