Henri Schintgen

The basics

Quick Facts

wasJudge
Work fieldLaw
Gender
Male
Birth26 October 1878
Death5 June 1927 (aged 48 years)
Star signScorpio
The details

Biography

Den Henri Schintgen, gebuer de 26. Oktober 1878 zu Réimech, gestuerwen de 5. Juni 1927 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Riichter.

No sengem Studium zu Fribourg, Dijon an Nanzeg huet de Schintgen sech an der Stad als Affekot etabléiert. 1913 koum hien als Friddensriichter op Iechternach, wou hien donieft vun 1913-1914 mat dem Droitscours am Kolléisch chargéiert gouf.

Zesumme mat dem Rodolphe Brimmeyr huet de Schintgen dem Jean-Pierre Brimmeyr seng Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach erausginn (1921, 1923).

De Schintgen ass den 8. Juni 1927 zu Iechternach begruewe ginn. De Professer Charles Becker huet d'Grafried gehalen.

Literatur

  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Luxembourg, VIII, 79 S.
  • Klensch, J., 1927. Henri Schintgen †. Luxemburger Illustrierte 1927, Nr. 24 (17. Juni): 7. [1]
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, 106 S. (H. Schintgen, S. 81).

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.