Heinrich Stammer

Pedagog
The basics

Quick Facts

IntroPedagog
PlacesGermany
wasEducator
Work fieldAcademia
Gender
Male
Birth22 December 1785, Boppard, Rhein-Hunsrück-Kreis, Rhineland-Palatinate, Germany
Death23 June 1859Düsseldorf, Düsseldorf Government Region, North Rhine-Westphalia, Germany (aged 73 years)
Star signCapricorn
The details

Biography

Den Heinrich Stammer, gebuer den 22. Dezember 1785 zu Boppard um Rhäin, mat der Elisabeth Büchel bestuet, an den 23. Juni 1859 zu Düsseldorf gestuerwen, war vun 1817 bis 1851 Däitschprofesser am Kolléisch. Ee vu senge Jongen ass de Lëtzebuerger Chemiker Karl Stammer.

Den Heinrich Stammer war e Schüler vum Heinrich Pestalozzi. A sengen Däitschstonne wéi och als Auteur vu Schoulbicher huet hie versicht dem Schwäizer Pedagog seng Methoden ëmzesetzen. A sengem Däitschcours gouf och geléiert Lëtzebuergesch ze schreiwen. Mat senger absolut origineller Method, der Prestolegie huet de Stammer senge Schüler d'Liese vu Friemsproochen am Nu bäibruecht. Hie war awer och deen éischten zu Lëtzebuerg, deen de Wäert vum Turnen erkannt huet. Deemools ware seng pedagogesch Erneierungen awer am Athenäum guer net gär gesinn.

Säi staarken Afloss op seng Schüler an d'Dankbarkeet vu senge fréiere Schüler spigele sech am Studentenzirkel Polyhymnia erëm. Dësen Zirkel gouf mam Doud vum Theodor Lenz an d'Liewe geruff. Bekannt Membere vun der Vereenegung waren ënner anerem den Antoine Meyer, de Louis Marchand, de Joseph Gantrelle an de Charles-Gérard Eyschen.

Literatur

The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 24 Aug 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.