Biography
Lists
Also Viewed
Quick Facts
Places | Namibia | |
Gender |
| |
Birth | 25 March 1886, Silesia Province, Kingdom of Prussia, German Empire | |
Death | 12 September 1951Windhoek, Khomas Region, Namibia (aged 65 years) |
Biography
De Friedrich Hermann Heinrich Christian Hans zu Solms-Baruth gebuer de 25. Mäerz 1886 zu Klitschdorf a gestuerwen den 12. September 1951 zu Windhoek an Namibia war en däitschen Adlegen a Resistenzler vum 20. Juli 1944.
Famill
De Friedrich III. war dat véiert vu fënnef Kanner vum Fürst Friedrich II. zu Solms-Baruth (1853-1920) an der Louise Gräfin von Hochberg, Freiherrin zu Fürstenstein (1863-1938).
E war mat der Adelheid Prinzessin von Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg (1863-1938), aus dem Haus Dänemark bestuet a si hate fënnef Kanner.
D'Solms-Baruth stamen aus der sächsescher Linn Solms-Laubach, déi bis 1129 nogekuckt ka ginn. 1906 sinn d'Herzoge Solms-Baruth Fürste gemaach ginn. Dem Friedrich Hermann zu Solms-Baruth säi Papp war Kummerhär um Haff vum Keeser an Oberjägermeister.
Liewen
De Friedrich zu Solms-Baruth huet zu de Resistenzler vum 20. Juli 1944 gehéiert. Hien huet säi Schlass fir d'Virbereedunge vum Attentat zur Verfügung gestallt. No dem Attentat huet hie sech mat senger Famill an Namibia aus dem Stëbs gemaach. D'Nazionalsozialisten hunn duerno säi Schlass confisquéiert.
An Namibia huet hie grouss Wéngerten ugeluecht.