François Reisen

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
wasWriter Teacher
Work fieldAcademia Literature
Gender
Male
Birth26 January 1858, Wahlhausen, Parc Hosingen, Canton of Clervaux, Luxembourg
Death14 January 1928Nagem, Redange, Canton of Redange, Luxembourg (aged 70 years)
Star signAquarius
The details

Biography

De François (Franz) Reisen, gebuer de 26. Januar 1858 zu Wuelessen a gestuerwen de 14. Januar 1928 zu Nojem, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Botaniker an Zoolog.

De Franz Reisen huet vun 1875 bis 1878 an der Normalschoul studéiert. Hie war Schoulmeeschter zu Rouderssen (1878-1883), Wuelessen (1883-1901) an zu Nojem (1901-1917).

1885 ass de Franz Reisen Member vun der Société de botanique ginn. Säin Herbarium vun de Faren aus dem Éislek, huet d'Material fir dem Léon de la Fontaine säin Artikel “Notice sur les Fougères de la flore luxembourgeoise” (1886) geliwwert. De Reisen war och als Bryolog bekannt an hat donieft eng Sammlung vu Flechten a vu Planzeseem ugeluegt.

1892 ass de Reisen an d'“Fauna” opgeholl ginn, an där hirem Bulletin hien dräi Artikele publizéiert huet, nieft enger klenger Notiz, déi mat dem Pseudonym “Apis” signéiert ass an och vun him soll sinn.

Besonnesch aktiv war de Reisen als Mataarbechter vun der Zeitung “Der Landwirth”, fir déi hien iwwer 150 populär-wëssenschaftlech Artikele geschriwwen huet.

Gielchen

  • Médaille en argent vum ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)

Literatur

  • Massard, J.A., 2014. Der Dorfschullehrer François Reisen (1858-1928), Mitglied der « Fauna » und der « Société botanique », Mitarbeiter der Zeitung « Der Landwirth ». Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 115, S. 79-94. [1]
  1. Memorial A n° 8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 08 Aug 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.