Ernest Grégoire

Lieutenant-colonel dans l'armée belge, docteur en médecine
The basics

Quick Facts

IntroLieutenant-colonel dans l'armée belge, docteur en médecine
isColonel Lieutenant
Work fieldMilitary
Gender
Male
Birth1801, Charleville
Family
Children:Ernest Grégoire
The details

Biography

Den Ernest Grégoire, gebuer 1801 zu Charleville a Frankräich a gestuerwen no 1870 zu Nanzeg(?), war e belschen Offizéier vu franséischer Ofstamung, Dokter, Geschäftsmann, Orangist, Auteur, an Direkter an Editeur vun der Luxemburger Zeitung, der éischter Dageszeitung, déi zu Lëtzebeurg erauskomm ass.

1824 war hie republikaneschen an antiklerikale Kandidat bei de franséische Wale fir d'Assemblée nationale. Fir wéinst senge politesche Vuën net an de Prisong ze kommen, ass en an de südlechen Deel vun de Vereenegten Nidderlanden, déi haiteg Belsch, geflücht. Do huet en als Dokter a Geschäftsmann (Marchand-tailleur) geschafft, a war Offizéier (Colonel) wärend der Belscher Revolutioun, 1830. Geschwënn dono huet hien d'Säit gewiesselt an gouf en orangisteschen Agent.

Vun 1836 un huet hien zu Tréier gewunnt (dat deemools zum protestantesch dominiéierte Preisen gehéiert huet), wou e wollt eng kathoulesch Zeitung erausbréngen. Well en dofir keng Autorisatioun krut, goung en an d'Stad Lëtzebuerg, fir se do ze publizéieren, a se dann déisäit der Musel ze verkafen. Dat war, vum 10. September 1844 un, d'Luxemburger Zeitung.

Dono ass net méi vill vun him gewosst; e kéint ëm 1870 zu Nanzeg gestuerwe sinn.

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.