Biography
Lists
Also Viewed
Quick Facts
Places | Luxembourg | ||
was | Writer | ||
Work field | Literature | ||
Gender |
| ||
Birth | 21 October 1923 | ||
Death | 6 June 2013 (aged 89 years) | ||
Star sign | Libra | ||
Awards |
|
Biography
Den Edmond Pepin, gebuer den 21. Oktober 1923 zu Schweech, gestuerwen de 6. Juni 2013 an der Stad Lëtzebuerg, war e Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.
Den Edmond Pepin war Schoulmeeschter zu Osper, Beggen a Weimeschkierch. An der Schlussphas vum Zweete Weltkrich war hie Member vun der Luxembourg Battery vun der Brigade Piron.
Hien huet an de Joren 1962 bis 1965 an der Revue de la Jeunesse vun der Croix-Rouge luxembourgeoise e Feuilleton fir déi Jonk mam Titel Ein Weg bleibt offen publizéiert. Donieft huet hien och lokalhistoresch Bäiträg iwwer de Schweecherdall a Beggen geschriwwen.
Seng Erliefnesser als Zwangsrekrutéierten, dee sech Enn Juni 1944 an der Normandie den Alliéierten erginn huet a Mëtt Oktober 1944 am hollännesche Limburg bei d'Brigade Piron koum, huet hien a sengem Buch Frontwechsel erzielt.
Publikatiounen
- Und ewig rauschen die Wälder (Sage und Wirklichkeit). In: 1906-1981: 75 anniversaire de la Fanfare Schweichertal. - Luxembourg, 1981. - S. 134-140.
- Der erste Wanderpfad im Schweichertal. In: 100 anniversaire de la Chorale Ste Cécile Schweichertal. - Schweichertal, 1985. - S. 84-89.
- Beggen: Werden und Wachsen eines städtischen Viertels. In: 1915-1990: FC Avenir Beggen: 75 anniversaire. - Beggen: Comité d'organisation du 75e anniversaire, 1990. - S. 107-132.
- Frontwechsel: mein abenteuerlicher Weg zur Brigade Piron. Luxembourg: Saint-Paul, 2006. - 192 S. (ill.).
Gielercher[1]
- Officier dans l'Ordre de la couronne de chêne
- Croix de Guerre (Lëtzebuerg)
- Croix de guerre belge
- Médaille des volontaires de guerre
Literatur
- Anonym, 2013. Edmond Pepin est décédé. L'Essentiel Online, 6 juin 2013.
- Seil, P. Pepin, Edmond. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online.
- Zenner, R., 2013. À la mémoire d'Edmond Pepin de Beggen. Luxemburger Wort 2013, Nr. 180 (3. August): 53.