Biography
Gallery (1)
Lists
Also Viewed
Quick Facts
Intro | Luxembourgish politician | ||||
Places | Luxembourg | ||||
was | Politician Ironmaster | ||||
Work field | Politics | ||||
Gender |
| ||||
Birth | 12 February 1829 | ||||
Death | 15 June 1910 (aged 81 years) | ||||
Star sign | Aquarius | ||||
Family |
|
Biography
De Charles Collart, gebuer den 12. Februar 1829 zu Dummeldeng, gestuerwen de 15. Juni 1910, war Schmelzhär zu Dummeldeng. Hien huet am Dummeldenger Schlass gelieft.
Hie war Schäffe vun der Gemeng Eech a spéider Deputéierten an der Chamber.
Mat sengem klenge Brudder Jules huet hien d'Gesellschaft Charles & Jules Collart gegrënnt, déi 1856 d'Stengeforter Schmelz iwwerholl huet. D'Gesellschaft huet och Minièren zu Esch-Uelzecht exploitéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Schmelz
De 17. Mee 1854 gouf hien zu Wuermer mat der Henriette d'Anethan (1832-1908) bestuet.
1872 huet de Charles Collart mat sengem Brudder d'Société Anonyme des Hauts-Fourneaux de Rodange matgegrënnt. 1884 war hie President vum Verwaltungsrot.
No sengem Doud gouf d'Gesellschaft a Jules Collart & Cie ëmbenannt.
Seng Eltere waren de Jean Carl Joseph Collart (1775-1841) an d'Anne-Marie Laval (1801-1882).
Kuckt och
- Collart (Famill)
Referenzen an Notten
- ↑ Wou hien da Charles-Joseph heescht...
- ↑ "Né le 12 février 1829 - Dommeldange (Gd-Duché-du-Luxembourg) / Décédé le 15 juin 1910, à l'âge de 81 ans / Maitre de forges au Luxembourg / Parents: Charles-Joseph COLLART de DOMMELDANGE 1775-1841 & Anne-Marie LAVAL 1801-1882 / Marié le 17 mai 1854, Wormeldange (Gd-Duché-du-Luxembourg), avec Henriette d'ANETHAN 1832-1908" Text vu geneanet.org