Charles Bettendorf

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
wasIndustrialist
Work fieldBusiness
Gender
Male
Birth10 August 1863
Death30 January 1929Mondorf-les-Bains, Mondorf-les-Bains, Canton of Remich, Luxembourg (aged 65 years)
Star signLeo
The details

Biography

De Charles Bettendorf, gebuer den 10. August 1863 a gestuerwen den 30. Januar 1929 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Industriellen.

1896 war hien ee vun de Grënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange. Aner Engagementer waren ë. a. d'Bauindustrie an d'Munnerefer Mineralwaasser. Verschidde Jugendstilhaiser an der Biederstroos zu Munneref goufen 1901 a sengem Optrag gebaut.

De Charles Bettendorf huet 1910, vum 5. bis den 12. Juni, d'"Semaine d'aviation de Mondorf" op senger Proprietéit zu Munneref organiséiert. Hie war de Besëtzer vum éischte Fliger, deen zu Lëtzebuerg geflunn ass. Dësen Doppeldecker, vum Gabriel Voisin gebaut a mat engem fofzegpäerdege V8 Antoinette-Motor ekipéiert, gouf 1909 an der Villa Louvigny ausgestallt an huet um Concours zu Munneref deelgeholl.

Literatur

Illustratiounen

Ensembel vu fënnef Haiser am Jugendstil, déi de Bettendorf zu Munneref an der Biederavenue baue gelooss huet.

Referenzen

  1. Memorial vum 19. Mee 1896
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 24 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.