Auguste Engel

The basics

Quick Facts

PlacesLuxembourg
wasMusician Composer Actor Conductor
Work fieldFilm, TV, Stage & Radio Music
Gender
Male
Birth23 November 1889, Grund, Canton of Luxembourg, Luxembourg
Death1 January 1950 (aged 60 years)
Star signSagittarius
The details

Biography

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Auguste Engel, gebuer den 23. November 1889 am Stater Gronn a gestuerwen den 1. Januar 1950, war e Komponist, Sänger a Schauspiller.

D'Musek gouf him souzesoe vu senger Mamm an d'Wéi geluecht, déi aus enger Musekerfamill gestaamt huet. Schonn a jonke Joren huet sech dem Engel säi musekalescht Talent gewisen an hie gouf 1920 Dirigent vum grënnesche Gesangsveräin „Société Chorale et Dramatique ‚La Fraternelle‘“. Hie war och Dirigent vun de Gesangsveräiner op der Polfermillen, zu Péiteng, Schëffleng an Izeg.

Hie war mat der Alice Wirol bestuet, enger Sängerin déi och an der ‚Fraternelle‘ aktiv war.

Als Undenken un den Auguste Engel an op Demande vu sengem Gesangsveräin huet de Stater Gemengerot den 12. Abrëll 1965 beschloss, d'Plaz Bei der Hasteschmillen a Place Auguste-Engel emzedeefen. Déi offiziell Aweiung vun der Plaz mam neien Numm war de 4. Juli 1965.

Quellen

Referenzen

  1. Den Auguste Engel am Luxemburger Lexikon S. 104, 1.Oplo 2006 Éditions Guy Binsfeld
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 04 Aug 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.