Alfred Lefèvre

The basics

Quick Facts

Gender
Male
Birth1866
Death1958 (aged 92 years)
The details

Biography

Den Alfred Lefèvre, gebuer 1866 zu Warnant-Dreye a gestuerwen 1958, war e belschen Entreprener.

Hien huet als einfache Bauaarbechter ugefaangen, ma konnt sech zu Esch-Uelzecht, wuer en 1889 higeplënnert ass, an dat deemools säin éischte Bau-Boom erlieft huet, séier en Numm maachen. 1910 gouf hie chargéiert, d'Iwwerdeckelung vun der Uelzecht (ënner der haiteger Uelzechtstrooss auszeféieren, an 1912 huet hien d'Stolwierk op Arbed Esch-Schëffleng gebaut. E puer Haiserbléck an der Uelzechtstrooss hunn him gehéiert.

Och déi haiteg Brillstrooss huet hien urbaniséiert, si war ufanks no him genannt ginn.

Hien huet och d'Abtei Saint-Maurice vu Klierf an d'Franziskanerkierch (Paterekierch) zu Esch gebaut.

An der Stad Lëtzebuerg huet hien den Hotel Alfa gebaut (Architekt: Léon Bouvart).

Hie war de Papp vum Julien Lefèvre.

Zu Esch huet e Restaurant, deen an engem Haus ass, dat en 1897 baue gelooss hat, säin Numm (Maison Lefèvre).

Literatur

  • Denis Scuto: "Un soupçon d'Amérique", in: Lorang, Antoinette & Denis Scuto: La maison d'en face - Das Haus nebenan. Esch-sur-Alzette, Éditions Le Phare, 1995, S. 63-66.

Referenzen

Literatur

  • Denis Scuto: "Un soupçon d'Amérique", in: Lorang, Antoinette & Denis Scuto: La maison d'en face - Das Haus nebenan. Esch-sur-Alzette, Éditions Le Phare, 1995, S. 63-66.

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.