Biography
Also Viewed
Quick Facts
Gender |
| |
Birth | 30 May 1915 | |
Death | 19 May 1944 (aged 28 years) | |
Star sign | Gemini |
Biography
Den Albert Ungeheuer, gebuer den 30. Mee 1915 zu Mäertert, den 19. Mee 1944 erschoss am KZ Natzweiler-Struthof, war e lëtzebuergesche Resistenzler. Hien huet zu Déifferdeng gewunnt a war Member vum Resistenz-Mouvement PI-Men.
Als Passeur huet hie vill Lëtzebuerger (meeschtens Deserteuren, déi an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi waren) iwwer d'Grenz bruecht, déi dunn am Opfanglager zu Les Ancizes bei Clermont-Ferrand ënnerkomm sinn.
Mat Hëllef vun engem Lëtzebuerger Verréider ass d'Gestapo dohanner komm an de Reseau ass opgeflunn. Vill sinn der verhaft ginn. Den Albert Ungeheuer a seng Stellvertrieder Marcel Jung, Jean Cros, Michel Gaspard a Marcel Meyer sinn dunn an d'KZ op Hintzert komm. Den 18. Mee 1944 si se op Natzweiler iwwerféiert ginn an do den aneren Dag, zesumme mat anere Patrioten, an enger Kiselkaul erschoss ginn.
Nom Albert Ungeheuer genannt
- D'Amicale Albert-Ungeheuer, d'Associatioun vun de Wehrmachtdeserteuren.
- Zwou Stroossen: eng zu Déifferdeng an eng zu Stroossen.
- D'Stèle Albert-Ungeheuer, d'Stad Déifferdeng huet dëse Gedenksteen 1985 opgeriicht an ageweit.
- De Sentier Albert-Ungeheuer, e Pad, dee bei Fond-de-Gras duerch de Bësch féiert an iwwer deen d'Lëtzebuerger Deserteuren no Frankräich ageschleist gi sinn.
Literatur
- Dollar, Jacques, 2004. Albert Ungeheuer, martyre de la Résistance. Luxemburger Wort Jg. 156, Nr. 116 (19. Mai), pp. 11–12, ill.
Kuckt och
- Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
- Resistenz
Um Spaweck
- Websäit vun de Primärschoulen iwwer den Albert Ungeheuer
- Den Albert Ungeheuer op der Websäit vun der Gemeng Déifferdeng
Referenzen